Noutruff

Am Noutfall just eng Nummer: 112

Bei engem Accident oder Brand ass et wichtig de Noutruff richtig ofzesetzen, fir séier Hëllef ze kréien.

Am Noutfall just eng Nummer: 112

Gëtt et een Noutfall, gëllt europawäit déi selwecht Nummer: Den 112. Allerdéngs wësse vill Leit an engem Eeschtfall net, wéi si den 112 richteg informéieren, fir datt deen och déi passend Äntwert an Hëllef op d’Plaz schécke kann.

"5 W“ Reegel

Bei engem Noutfall zielt all Sekonn. Dohier muss net nëmme sou séier wéi méiglich mat der Éischter Hëllef ugefaange ginn, mee och den Noutruff richtig ofgesat ginn. Déi néidig Informatioune solle sou knapp wéi méiglich matgedeelt ginn. Heibäi hëlleft et sech un der „5 W“ Reegel ze orientéieren.

    Wou ass eppes passéiert?
    Wat ass passéiert?
    Wéi vill Verletzter gëtt et?
    Wéi eng Verletzunge leie vir?
    Waarden op eventuell Réckfroen!

Vergeesst och net Äre Kanner dës reegele bäizebréngen. Och am Spillschoulsalter kann de Nowuess scho Liewe retten.

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image